Career Upgrade

Create your future: Gëff Fotograf!

Du wëlls Momenter fir d’Éiwegkeet schafen? Als Fotograf fänks du Situatiounen, Gefiller an Emotiounen an, a späichers si fir ëmmer

Handwierk – Mir setzen dech an Zeen!


E Fotograf ass e Kënschtler, deen säin Handwierk beherrscht. An dësem Beruff muss du eng kreativ Oder hunn an du brauchs dat néidegt handwierklecht Kënnen, den technesche Knowhow. Eng gutt Foto, mat Bildopbau, Schäerfteverlaf an esou weider entsteet nämlech net réischt um Fotoapparat, mee scho virdrun: am Kapp!


Wéi bei allen Handwierksberuffer ass dee vum Fotograf dat, wat s du draus méchs! Du kanns an eng klassesch Richtung goen an éischter Hochzäits-, Kommiouns- a Kanddaffotoe maachen. Du kanns dech awer och zum Beispill op Eventfotografie spezialiséieren an am Nightlife, op Vernissagen, Evenementer a Concerten dobäi sinn. Du kanns reesen a Landschafte fotograféieren, Reportagen an Dokumentatioune maachen. Du kanns professionell Shootinge mat (Top-)Modelen organiséieren, dech op Makro-, Sport- oder Food-Fotografie spezialiséieren – de Choix ass dir iwwerlooss!


De Beruff vum Fotograf huet sech an de leschten 30 Joer enorm verännert a moderniséiert. Mee d‘Grenze vun der Digitalfotografie sinn nach laang net erreecht! Haut muss du dech net nëmme gutt mat Blenden a Beliichtungszäiten auskennen, mee och mat Bildveraarbechtung. Ouni digital Veraarbechtungsprogrammer wier de Beruff haut ondenkbar. Och bei der Nobeaarbechtung vun de Fotoe kanns du däin artistescht esou wéi handwierklecht Talent ënner Beweis stellen.


Esou gutt wéi all Fotograf demonstréiert haut iwwert sozial Medie wéi Instagram, wat e kann. Doriwwer eraus konzentréieren sech d‘Fotografen haut net méi just op d‘Biller an hier Beaarbechtung, mee hunn hiert Kënnen op d‘Beräicher Grafik, Video, Film a generell Multimedia ausgedeent. Ween eng Ausbildung (DAP) oder e Meeschterbréif mécht, kann sech zu Lëtzebuerg als Fotograf selbststänneg maachen, säin eegene Studio opmaachen a selwer nei Talenter ausbilden. An dësem Beruff kann een awer och e Bachelor oder Master maachen, an dat op der ganzer Welt. Dobäi kann een sech op d‘Fotografie fokusséieren oder op audiovisuell Medien oder zum Beispill Graphikdesign studéieren. Fann däin eegene Wee an dëser spannender Branche. Och enger internationaler Karriär steet am Prinzip näischt am Wee!

Vill Weeër féieren an d’Handwierk, huel deng Zukunft an deng Hänn an informéier dech iwwert d’Léier- a Karriärsméiglechkeeten op Hands Up!

Perspektiv Handwierk – D‘Zukunft a mengen Hänn

Ergebnisse

Kompetenzbereiche

Kunsthandwerk und Kommunikation, Bau- und Wohnbereich, Mode, Gesundheit und Hygiene, Mechanik, Lebensmittelhandwerk, Vollständiger Katalog