Career Upgrade

Create your future: Gëff Plätterchersleeër!

Du hues e Sënn fir Dekoratioun, Faarwen a Musteren? Als Plätterchersleeër kënnt et net nëmmen op Handwierkskonscht a Prezisioun un, mee och op Originalitéit.


Handwierk – Mir bauen d’Zukunft!

Eppes ass de Beruff vun engem Plätterchersleeër ganz bestëmmt: villsäiteg! E Plätterchersleeër ass op verschiddene Chantieren an a verschiddene Beräicher (vu Buedzëmmer, Kichen, Terrasse bis Piscinnen) aktiv. Hie schafft mat héichwäertege Materialien (vu Granit, Marber, Schifer bis Natursteen) a verkleet Biedem, Maueren, Trapen oder souguer Plaffongen am Bannen- oder Bausseberäich. Dobäi kommen déi verschidden Technike fir d‘Plättercher ze verleeën an ze versigelen – mat Pech a Fouen oder mëttlerweil mat ganz neien Techniken ouni Pechmëttel. Langweileg gëtt et also bestëmmt net!

E Plätterchersleeër muss e Sënn fir Ästhetik hunn an och ouni mathematesch Kenntnisser a kierperlecher Fitness geet et net. Éier d’Plättercher verluecht ginn, heescht et auszerechnen, wéi vill fir wéi eng Technik gebraucht ginn. Dobäi muss een am Team schaffen kënnen an eng global Vue vum Projet hunn, d.h. un all verschaffte Maueren, Ecker, Nischen an Träppleker denken, an d’Plättercher richteg op Moos schneiden. Hei ass Millimeteraarbecht gefrot. Esou ass dëst en Handwierksberuff, an deem ee mental a kierperlech gefuerdert gëtt.

Um Chantier, vu Familljenhaiser bis hin zu architektonesche Konschtwierker, gesäis du däin eegene Fortschrëtt an um Enn vum Dag kanns du stolz op deng gutt Aarbecht sinn, oder op däi fäerdegt Resultat, wann de Bau- oder Renovatiouns-Projet ofgeschloss ass. Hei gesäis du op e Bléck, wat s du alles duerch däin handwierklecht Kënnen geleescht hues. Dëst kënnt net seelen enger kënschtlecher Meeschterleeschtung gläich. Ausserdeem wäerts du ni vergiessen, a wéi enge flotte Gebaier (an déi een normalerweis soss net hikënnt), s du iwwerall matgewierkt hues!

Am boomende Bausecteur hei zu Lëtzebuerg ass de Plätterchersleeër en vill  gefrote Beruff. Wann s du Plätterchersleeër gi wëlls, kanns du eng Ausbildung (CCP oder DAP) maachen. Mat engem Meeschterbréif an der Täsch kanns du souguer däin eegene Betrib opmaachen an nei Talenter ausbilden.

Vill Weeër féieren an d’Handwierk, huel deng Zukunft an deng Hänn an informéier dech iwwert d’Léier- a Karriärsméiglechkeeten op Hands Up!

Perspektiv Handwierk – D‘Zukunft a mengen Hänn

Ergebnisse

Kompetenzbereiche

Kunsthandwerk und Kommunikation, Bau- und Wohnbereich, Mode, Gesundheit und Hygiene, Mechanik, Lebensmittelhandwerk, Vollständiger Katalog