Career Upgrade

Create your future: Gëff Blechschléier!

Du schaffs gäre mat coole Materialien aus Metall? Als Blechschléier suergs du ënner anerem dofir, dass d’Haiser zu Lëtzebuerg eng modern (Metall-)Optik kréien!

Handwierk – Mir bauen d’Zukunft!

Stol, Koffer, Zénk, Aluminium, Messeng – mat dësen a villen anere Materialie schafft e Blechschléier. Dëse Beruff ass op de Bau d.h. ënnert anerem op Metallfassaden, Kullangen, Réier, Schaarschtecher, Metalldaach an Flaachdaach spezialiséiert.

Als Blechschléier muss ee geschécklech sinn, well vill eenzel Elementer ganz individuell a jee no Chantier an Haus hiergestallt ginn. D’Léisunge ginn hei also op Mooss an op der Hand gemaach! Ausserdeem muss ee schwindelfräi sinn, well ee meeschtens an e puer Meter Héicht (zum Beispill um Daach) schaffe muss. Dofir kann een awer och déi schéinsten Aussiichten aus dem Land genéissen!

Obwuel vill op der Hand geschafft gëtt, kommen och Maschinnen zum Asaz, déi dem moderne Blechschléier schwéier Aarbechten ofhuelen. Bestëmmten Deeler ginn esou am Atelier virgefäerdegt, déi herno nëmmen nach beim Client montéiert musse ginn. Des Weidere ginn ëmmer méi Computerprogrammer benotzt, déi dem Handwierker beim Berechnen a Plangen hëllefen.

Als Blechschléier këmmers du dech och ëm d’Verkleedung vu Fassaden an dréis esou däin Deel zu enger méi modernen Aart a Weis fir ze baue bäi. Wann dëse Beruff däin Dramberuff ass, kanns du eng klassesch Ausbildung (DAP) maachen. Mat engem Meeschterbréif kanns du däin eegene Betrib grënnen a selwer jonk Talenter ausbilden. Wann s du schwindelfräi genuch a prett fir deng Zukunft bass, da pack elo mat un!

Vill Weeër féieren an d’Handwierk, huel deng Zukunft an deng Hänn an informéier dech iwwert d’Léier- a Karriärsméiglechkeeten op Hands Up!

· Berufflech Ausbildungen

· Karriären am Handwierk

· Meeschterprüfung

Perspektiv Handwierk – D‘Zukunft a mengen Hänn

Ergebnisse

Kompetenzbereiche

Kunsthandwerk und Kommunikation, Bau- und Wohnbereich, Mode, Gesundheit und Hygiene, Mechanik, Lebensmittelhandwerk, Vollständiger Katalog