Career Upgrade

Create your future: Gëff Bauentrepreneur/Steemetzer!

Du wëlls e villsäitege Beruff an engem dynameschen Ëmfeld? Als Bauentrepreneur hues du dës Méiglechkeet! Du kalkuléiers d’Präisser vu Bauprojeten, kucks technesch Solutiounen ze fannen, an organiséiers bzw. iwwerwaachs de Chantier bis en Realitéit ass.

Du wëlls e villsäitege Beruff an engem dynameschen Ëmfeld? Als Bauentrepreneur hues du dës Méiglechkeet! Du kalkuléiers d’Präisser vu Bauprojeten, kucks technesch Solutiounen ze fannen, an organiséiers bzw. iwwerwaachs de Chantier bis en Realitéit ass.

Handwierk – Mir bauen d’Zukunft! 

De Bauentrepreneur ass e Beruff mat ville verschiddene Facetten an engem Domaine, dee permanent am Wandel ass. Deemno ass dëse Beruff genau dat richtegt fir dech, wanns du gäre stänneg bäiléiers an dech deemno och gäre kontinuéierlech weiderentwéckels. 

Egal ob als Bauentrepreneur am Héisch- (Haiser) oder Déifbau (Stroossen), als Spezialist hellt hien eng zentral Roll bei der nohalteger Entwécklung vun eisem Land an. Eng gutt Ausgangsbasis fir Bauentrepreneur ze ginn ass, wann een sech fir Technik interesséiert an handwierklech begaabt ass. Des Weidere brauch een Organisatiounstalent an et muss een eng Equipe kennen ufeieren, fir d‘Responsabilitéiten als Entrepreneur ze iwwerhuelen. 

Mee wéi gëtt een iwwerhaapt Bauentrepreneur? Eng Méiglechkeet ass, eng Léier als Steemetzer ze maachen! Dësen Handwierksberuff, dee Konscht an Technik matenee verbënnt, baséiert op villen Eegenschaften, déi och fir d’Aktivitéite vun engem Entrepreneur wichteg sinn. Als Steemetzer schafft ee primär mat Natur- a Konschtsteen. Et realiséiert een d‘Mauerwierk, d‘Trapen, d‘Buedembeleeg, d‘Bausseverkleedungen, d‘Terrassebeleeg a villes méi – en zimmlech breede Spektrum, also perfekt Viraussetzungen, fir spéider Entrepreneur ze ginn!   

Als Steemetzer kann een e Meeschter maachen an esou säin eegene Betrib grënnen. Och mat enger klassescher Première ass d’Dier fir an d’Handwierk an an d’Meeschterprüfung op. Et kann een sech awer och zum Beispill an en dualt Studium op enger däitscher Héichschoul (wéi Treier oder Oochen) aschreiwen an op dësem Wee mat engem Bachelor als Bauingenieur a gläichzäiteg mat enger Léier ofschléissen.  

Vill Weeër féieren an d’Handwierk, huel deng Zukunft an deng Hänn an informéier dech iwwert d’Léier- a Karriärsméiglechkeeten op Hands Up! 

Perspektiv Handwierk – D‘Zukunft a mengen Hänn 

Ergebnisse

Kompetenzbereiche

Kunsthandwerk und Kommunikation, Bau- und Wohnbereich, Mode, Gesundheit und Hygiene, Mechanik, Lebensmittelhandwerk, Vollständiger Katalog