Career Upgrade

Create your future: Gëff Zammermann!

Du kanns dech fir Holz an all senge Formen begeeschteren a bass am Aarbechtsalldag gären un der frëscher Loft? Als Zammermann loossen sech béid Saachen perfekt matenee verbannen – du muss natierlech schwindelfräi sinn.

 

Handwierk – Mir bauen d’Zukunft!

Als Zammermann stells du déi verschiddenst Elementer aus Holz hier, an dat direkt am grousse Stil! De Klassiker souzesoen ass d’„Ënnerkonstruktioun” aus där spéider e kompletten Daach entsteet: den Daachstull. Als Zammermann kënns du op eemoleg Plazen mat eemolegen Ausblécker. Besonnesch flott un dësem Beruff ass natierlech, dass du (an och soss jidereen) deng fäerdeg Projeten iwwerall am Land mat Stolz bewonnere kanns.

En Zammermann ass och dann am Asaz, wann et em d’Renovéiere vun (historesche) Gebaier geet. Komplizéiert Daachformen, wéi zum Beispill bei Kierchentierm, ginn et der vill – do ass de Profi gefrot ! Mee och beim Bau vun

neie Gebaier dierf den Zammermann net feelen. Holzhaiser a Flaachdiech si momentan ganz beléift. Besonnesch flott si Flaachdiech mat „Daachbegréngung”. Dësen Trend kéint sech an den nächste 15 Joer ëmmer méi duerchsetzen.

Niewent dem Hierstelle vun Holzkonstruktiounen huet sech de modernen Zammermann och op d‘Verbesserung vun „Wärmedämmungen” a Fassaden, Maueren an Diech spezialiséiert an installéiert Fotovoltaik- a Solaranlagen um Daach. Iwwerhaapt spillt d‘Nohaltegkeet ëmmer méi eng grouss Roll. De grousse Virdeel vum Material Holz ass, dass et eng flott Optik huet an als natierlech nowuessende Baustoff nohalteg ass.

Fir Zammermann ze ginn, brauchs du an der Reegel en DAP (Diplôme d’Aptitude Professionelle). Mat engem Meeschterbréif kanns du deng Karriär boosten oder/an däin eegene Betrib opmaachen a selwer jonk Talenter ausbilden. Wann s du schwindelfräi genuch bass a prett, deng Zukunft an deng Hänn ze huelen, da pak elo mat un a gëff Zammermann!

 

Vill Weeër féieren an d’Handwierk, huel deng Zukunft an deng Hänn an informéier dech iwwert d’Léier- a Karriärsméiglechkeeten op Hands Up!

· Berufflech Ausbildungen

· Karriären am Handwierk

· Meeschterprüfung 

 

Perspektiv Handwierk – D‘Zukunft a mengen Hänn

Ergebnisse

Kompetenzbereiche

Kunsthandwerk und Kommunikation, Bau- und Wohnbereich, Mode, Gesundheit und Hygiene, Mechanik, Lebensmittelhandwerk, Vollständiger Katalog