Career Upgrade

Create your future: Gëff Optiker!

Du hues den absolutten Duerchbléck a Gespier fir Prezisioun? Als Optiker hëllefs du denge Matmënschen, duerch deng villfälteg Kompetenzen an däi Service d’Welt wuertwiertlech mat aneren Aen ze gesinn.

 

Handwierk – Mir setzen Trends!

Als Optiker fäerdegst du Brëller un, déi d'Clientë op Ordonnance vun engem Aendokter verschriwwe kritt hunn. Am anere Fall, kanns du mat engem Meeschterbréif an dësem Beruff, esouguer den “Examen de la vue” selwer duerchféieren. Am Atelier schaffs du mat Brëlleglieser, déi s du zentréiers a schléifs an an d’Fassungen asetz. Am Buttek geet et dorëms, d‘Brëllegestell esou erauszesichen, dass si dem Clients gutt passen. Heibäi ass vill Prezisioun gefrot. Mee och d‘Ästheetik spillt eng grouss Roll.

E Brëll ass haut net méi just e Brëll: en ass e Moudenaccessoire, an eng Méiglechkeet, d’Perséinlechkeet vum Client auszedrécken. De Choix vu Modeller ass enorm, esou dass du Clientë beroden an däi Sënn fir moudesch Trends ënner Beweis stelle kanns. Heifir muss du oppen a kommunikativ sinn a verschidde Sproochen ze schwätzen, ass op jiddefalls e Virdeel.

Des Weidere muss du dech perfekt mat den aktuellste Brëlle-Modeller auskennen an op d’individuell Wënsch vum Client agoen. De perfekte Brëll ze fannen, ass keng einfach Saach, dofir muss du och heiansdo Gedold weisen. Wann de Client herno zefridden ass, bass du et och .

Natierlech gëtt et haut och d’Méiglechkeet, Brëller am Internet ze bestellen. Mee de Service vun engem Optiker wäert ni iwwerflësseg ginn. Vill Clienten informéieren sech awer schonn gären am Viraus, wéi eng Brëller hinnen gefalen. Mat enger Websäit a Presenz op soziale Medie wéi Facebook an Instagram, kanns du deng Clientë scho beroden, éier si iwwerhaapt an de Buttek kommen!

Och am Beräich vun de Lënsenupassungen ass an dësem Handwierk vill Know-How gefrot. Den technesche Feischlëff bei der exakter Upassung an dono ee komfortabelt Drogefill op Dauer, maachen de grousse Qualitéitsënnerscheed, deen den Optiker senge Clienten als Service bitt am Verglach zu enger einfacher online Bestellung.

Fir Optiker ze ginn, kanns du eng klassesch Ausbildung (DAP) maachen. Du hues awer och d’Méiglechkeet, no dengem Schoulofschloss e BTS (Brevet de Technicien Supérieur) ze maachen. Domat kanns du däi professionellen Horizont erweideren. Dës Formatioun gëtt an enger franséischer Beruffsschoul, dem Lycée technologique et professionel Saint-André zu Ëtteng, ugebueden. Du hues natierlech och d’Méiglechkeet, de Meeschterbréif ze maachen an esou däin eegenen Atelier mat Buttek opzemaachen. E grousse Virdeel bei dësem Beruff: Optiker wäert een ëmmer brauchen.

Vill Weeër féieren an d’Handwierk, huel deng Zukunft an deng Hänn an informéier dech iwwert d’Léier- a Karriärsméiglechkeeten op Hands Up!

· Berufflech Ausbildungen

· Karriären am Handwierk

· BTS 

· Meeschterprüfung

Perspektiv Handwierk – D‘Zukunft a mengen Hänn

Ergebnisse

Kompetenzbereiche

Kunsthandwerk und Kommunikation, Bau- und Wohnbereich, Mode, Gesundheit und Hygiene, Mechanik, Lebensmittelhandwerk, Vollständiger Katalog