Career Upgrade

Create your future: Gëff Heizungs- a Sanitärinstallateur!

Du wëlls hëllefen, d’Klima ze verbesseren, du hues technesch eng drop a sichs e Beruff mat Zukunftsperspektiven? Da kéint Heizungs- a Sanitärinstallateur perfekt bei dech passen!

Handwierk – Mir bauen d’Zukunft!

Als Installateur këmmers du dech net nëmmen em d‘Installatioun, d‘Inspektioun an den Entretien vun Heizungen, Ventilatiounen a Klimaanlagen. Du bass och zoustänneg fir alles, wat „hannert de Kulisse passéiert“, also wat Réier a Leitungen ugeet. Domat lees du d‘Weiche fir Aarbechten um Chantier a muss dofir virausplangen an un déi nächst Aarbechtsschrëtt denke kënnen.

Ob mat thermesche Solaranlagen, Wäermepompelen oder anere Systemer, mat deenen d’Stéit hir eegen Hëtzt aus erneierbaren Energië produzéiere kënnen – als Installateur sensibiliséiers du d‘Clienten a Saachen Energieverbrauch an CO2-Emissiounen. Du plangs des Weideren och Konzepter fir Buedzëmmeren a kanns esou d’Energieeffizienz vu ganze Wunnhaiser a -komplexer verbesseren!

D’Handwierk spillt a Saachen Nohaltegkeet eng Schlësselroll, an hei ass den Installateur niewent aneren, en Haaptacteur. Duerch d’Automatiséierung vun de Gebaier an d’Digitalisatioun entwéckelt sech dëse Beruff ëmmer weider. Och d’Meeschterprüfung ass am gaange moderniséiert ze ginn a passt sech den Erausfuerderungen an den Aarbechtsprozesser vu muer un. Dës Ausbildung offréiert esou senge Kandidaten en enormt Potential un Zukunfts- a Karriärsperspektiven, déi nëmmen drop waarden ergraff ze ginn. Hëllef, zu engem bessere Klima bäizedroen a gëff Installateur!

Vill Weeër féieren an d’Handwierk, huel deng Zukunft an deng Hänn an informéier dech iwwert d’Léier- a Karriärsméiglechkeeten op Hands Up!

Perspektiv Handwierk – D‘Zukunft a mengen Hänn

Ergebnisse

Kompetenzbereiche

Kunsthandwerk und Kommunikation, Bau- und Wohnbereich, Mode, Gesundheit und Hygiene, Mechanik, Lebensmittelhandwerk, Vollständiger Katalog