Career Upgrade

Create your future: Gëff Fleurist!

Du bass kënschtleresch begaabt, kommunikativ an empathesch? Als Fleurist hëllefs de denge Matmënschen, Freed ze verschenken an Gefiller iwwer Blummen auszedrécken.

Handwierk – Mir kréiere Freed!

Fir e Bouquet oder Blummenarrangement ze verschenken, ginn et vill verschidden Occasiounen. Als Fleurist brauchs du net nëmmen e Gespier fir Dekoratioun a flott Faarfkombinatiounen, mee och fir d‘Gefillslag a Verfassung vun denge Clienten. Beim Arrangéiere gees du op hir individuell Wënsch an, beréits si professionell a muss heibäi Flexibilitéit beweisen.

De Fleurist ass e ganz villsäitege Beruff, du ziichts a fleegs Blummen an Planzen a bass responsabel fir hir Präsentatioun am Buttek. Du berechens d’Präisser fir Dekoartikelen a Materialien, keefs Planzen an, a kontrolléiers déi nei Wuer déi ukomm ass. Eng gewësse kierperlech Fitness ass an dësem Beruff virausgesat, well verschidde Coupë vill weie kënnen. Doriwwer raus huet een an engem Buttek net d’Méiglechkeet, vill ze setzen.

Besonnesch schéin ass, dass du mat natierleche Materialie schaffe kanns, an dës och ganz oft saisonal sinn. Als moderne Fleurist muss du ëmmer au Courant bleiwen, wat aktuell Trends ugeet. An du kanns deng eege Clients duerch d‘Poste vu flotte Blummekreatiounen op de soziale Medien direkt uschwätzen a si esou inspiréieren. Wann s du op der Sich no engem kreative Beruff bass, maach eng Ausbildung (DAP) a gëff Fleurist!

 

Vill Weeër féieren an d’Handwierk, huel deng Zukunft an deng Hänn an informéier dech iwwert d’Léier- a Karriärsméiglechkeeten op Hands Up!

· Berufflech Ausbildungen

· Karriären am Handwierk

Perspektiv Handwierk – D‘Zukunft a mengen Hänn

Ergebnisse

Kompetenzbereiche

Kunsthandwerk und Kommunikation, Bau- und Wohnbereich, Mode, Gesundheit und Hygiene, Mechanik, Lebensmittelhandwerk, Vollständiger Katalog