Career Upgrade

Create your future: Gëff Estheticien/ne!

Du weess, wat d’Geheimnis vu “Wuelbefannen” ass a wëlls däi Wësse mat aneren deelen? Als Estheticien/ne bréngs du net nëmmen d’äusserlech, mee och d’ënnerlech Schéinheet vun denge Clienten zum stralen.

Handwierk – Mir setzen Trends!

Ob Massagen, Peeling, Manikür oder Pedikür – beim Thema Gesiichts- a Kierperfleeg bass du voll an dengem Element. Als Estheticien/ne bitts du déi verschiddensten Zorte vu Soinen un a kenns dech perfekt mat Kosmetik an allen Trends ronderëm de Beauty-Beräich aus. Och d’Vente an de Marketing ass en Deel vun denger Aarbecht. Du weess, wat gutt ausgesäit a wat denge Clientë gefält.

Du selwer muss och e gefleegten Androck maachen an a Forme sinn. Des Weideren muss du gär am Team schaffen a kommunikativ sinn. Méi nach: Du muss empathesch sinn, fir deng Clientë professionell (och bei méi sensibelen Themen) beroden ze kënnen. Den Alldag an dësem villsäitege Beruff dréit sech net just ëm d’Ausgesinn. Et geet virun allem dorëms, dass sech deng Clientë wuelfillen a sech bei dir entspanen.

Fir déi verschidden Traitementer brauchs du net nëmmen eng roueg Hand an de Knowhow, wéis du zum Beispill mat deene verschiddenen Apparater ëmgees. Du muss d’Hygiènes- a Sécherheetsvirschrëfte gutt kennen a Fangerspëtzegefill beweisen, d.h. ouni Hektik schaffen.

Als Estheticien/ne muss du ëmmer um Ball bleiwen an dech iwwert nei Produiten a Methoden informéieren. Wat d’Fleeg betrëfft, kommen all Joers vill nei Innovatiounen op de Marché. Nei Apparater, wéi zum Beispill Laseren oder och aner Applikatiounen, déi deelweis vu Maschinne kënnen iwwerholl ginn. Op de soziale Medie wéi Instagram a Youtube sinn et virun allem Beautyblogs, déi vill Opmierksamkeet op sech zéien a genau esou vill Leit inspiréieren.

Als Estheticien/ne kanns du an engem Salon schaffen, am Wellness-Domaine oder awer z.B. Make-Up Artist ginn. Wann s du no denger klassescher Ausbildung (DAP) de Meeschterbréif mëss, kanns du souguer däin eegene Salon als Estheticien/ne opmaachen!

Vill Weeër féieren an d’Handwierk, huel deng Zukunft an deng Hänn an informéier dech iwwert d’Léier- a Karriärsméiglechkeeten op Hands Up!

Perspektiv Handwierk – D‘Zukunft a mengen Hänn

Ergebnisse

Kompetenzbereiche

Kunsthandwerk und Kommunikation, Bau- und Wohnbereich, Mode, Gesundheit und Hygiene, Mechanik, Lebensmittelhandwerk, Vollständiger Katalog