spinner
aktualitat

Veröffentlicht

06.01.2022

Geschätzte Lesezeit

˜ 1 min

D'Zukunft an dengen Hänn mat enger Karriär am Handwierk

All Dag consomméiere mir Produiten a benotze mir Servicer, déi vun Handwierksbetriber hiergestallt oder ugebuede ginn. D’Handwierk befënnt sech matzen an der Gesellschaft an ass DE Partner, wann et ëm d’Schafe vun Iddien an Innovatiounen, Aarbechts- an Zukunftsperspektiven, Zefriddenheet a Stolz duerch d’Hierstelle vu konkrete Produite geet.

Mat ronn 8.300 Betriber a 100.000 Leit, déi an dësem Beräich schaffen, ass d’Handwierk den éischten Employeur am Land a mat iwwer 1.800 Persounen, déi eng Léier maachen, den Haaptformateur zu Lëtzebuerg. D’Handwierk representéiert 21 % vun alle Betriber an 21 % vum gesamten Emploi hei am Land.

Handwierk - dat heescht, eng Vilfalt vu Beruffer a Karriärsméiglechkeeten an dat esouwuel fir Leit, déi fréi hir berufflech Ausriichtung an d'Handwierk gemaach hunn, ewéi och fir Quereinsteiger, déi méi spéit iwwer Ëmweeër an d’Handwierk fannen an déi spéider an hirer berufflecher Karriär festgestallt hunn, datt hiert d’Häerz fir d'Handwierk schléit.

Wann s du Loscht hues, an engem villfältegen an innovative Secteur ze schaffen, dann huel d’Zukunft an deng Hänn. Informéier dech op handsup.lu iwwert all deng Léier- a Karriärsméiglechkeeten! 

Entdeck hei d'Serie op RTL iwwert d'Handwierk a seng Beruffs- an Zukunftsperspektiven:

RTL - Perspektiv Handwierk? - Deel 1: Vu jonk un d'Handwierk als Méiglechkeet virgestallt kréien

RTL - Perspektiv Handwierk? Deel 2: Rekord un Ausbildungsplazen 2021 ausgeschriwwen