


Veröffentlicht
12.01.2021
Geschätzte Lesezeit
˜ 2 min
Boost your entrepreneurial skills! Job Shadow Day 2021
Du wëlls gären éischt praktesch Erfarungen an der Aarbechtswelt sammelen? Da maach beim „Job Shadow Day“ mat! Dëse spannenden an aussergewéinlechen Dag erlaabt dir et, Patronen a Cheffe vu Betriber op Schratt an Tratt ze begleeden an esou en authenteschen Abléck an hiren Aarbechtsalldag ze kréien.
Du wëlls gären éischt praktesch Erfarungen an der Aarbechtswelt sammelen? Da maach beim „Job Shadow Day“ mat! Dëse spannenden an aussergewéinlechen Dag erlaabt dir et, Patronen a Cheffe vu Betriber op Schratt an Tratt ze begleeden an esou en authenteschen Abléck an hiren Aarbechtsalldag ze kréien.
Beim „Job Shadow Day“ kënne Schüler (ab 16 Joer) e Patron vun enger Entreprise an/oder säi Representant wärend engem ganzen Dag begleeden.
Wann s du als SchülerIn aktiv un engem Dag am Betrib deelhëls, sammels du vill wäertvoll Impressiounen aus der Aarbechtswelt. Erfarungen, déi ee bei enger einfacher Visitt vum Betrib net hätt kéinte machen! Beim „Job Shadow Day“ kënnen d‘SchülerInne d’Patronen dobäi beobachten, wéi si déi dagdeeglech Aufgaben erfëllen, déi mat hirem Beruff zesummenhänken an esou verstoen, wat verschidde Beruffer viraussetzen.
Dëse Projet ass eng gemeinsam Initiativ vun der „FEDIL – The Voice of Luxembourg’s Industry“ an der Asbl „Jonk Entreprenueren Luxembourg“, an Zesummenaarbecht mat der Chambre des Métiers, der Chambre de Commerce an dem Ministère de l’éducation Nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse.
Dëst Joer fënnt den „Job Shadow Day” an der Woch vum 29. Mäerz bis den 2. Abrëll 2021 statt. Eng digital Versioun ass och virgesinn, jee no de sanitäre Restriktiounen an/oder der Politik an de verschiddene Betriber.
Den „Job Shadow Day” huet d’Zil, de SchülerInne Folgendes ze vermëttelen:
· d’Wichtegkeet vun enger pertinenter Schoulausbildung ;
· déi néideg Ufuerderunge, fir Ziler an Erfolleger an der Beruffswelt ze erreechen ;
· d‘Profiller an d‘Kompetenzen, déi um Aarbechtsmarché gebraucht ginn ;
· wichteg Informatiounen iwwer verschidde Karriärsméiglechkeeten ;
· d’Responsabilitéite vun engem Patron ;
· d’Loscht, eppes (wéi en Entrepreneur) ze ënnerhuelen ;
· d’Bedeitung an d’Wichtegkeet vun Teamwork.
Den „Job Shadow Day” gëtt de Patronen d’Méiglechkeet:
· hire Betrib als attraktiven Employeur ze positionéieren ;
· hire Betrib ze presentéieren an e positiivt Bild ze promovéieren ;
· sech am Beräich vun der „Corporate Social Responsibility” ze engagéieren ;
· den Entrepreneure vu muer hir Beruffserfarung ze vermëttelen ;
· op e wäertvollen Austausch mat deene Jonken
· neit Personal ze gewannen.
Wéi kann ech um „Job Shadow Day” deelhuelen ?
Schreif dech bis spéitstens bis den 1. Februar 2021 an, andeems du dëse Formulaire online ausfëlls: https://jonk-entrepreneuren.lu/fr/event/job-shadow-day-2021/
Kontakt
Laurene Kroon, Email : Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!, Tél.: 26 11 01 – 21
Claudia da Silva, Email : Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!, Tél.: 26 11 01 - 22